Mäin Kachbuch – well ech (oder den wou do dra schafft) déi Rezepter do dra stoen hunn, déi ech gäre kachen oder iessen.
Onendlech – well ech hoffen, dat déi Generatiounen no mir dat Buch viru féieren. Et soll ee säi Liewe laang ni stoe bleiwen a sech ëmmer weider fir Neies interesséieren. Ech hunn ëmmer nees Neies gekacht – a wat mir louch steet hei dran.
Deejéinegen dee grat hei dra schreift, muss déi aal Saache stoe loossen, och wann se him net zou soen. Et kommen der jo no him, denen dat méi läit oder besser schmaacht.
Ech perséinlech hun vill vu menger Mamm geléiert, där ech éiweg fir alles dankbar sinn, wat si mir mat op de Wee ginn huet, a wéi si sech hir Liewe laang fir meng Kanner a mech agesat huet. Ech weess net, wéi dacks ech beim Kachen nogefrot hunn, wéi si wat mécht, an och doriwwer diskutéiert wat a Bicher steet oder am Internet. Ouni si géif et mäin Interessie fir d’Kache wuel net an dëst Familiechronik sécher och net.
Formen änneren,
Inhalter bleiwe
Gutt giess gëtt ëmmer gären