Krëppen a Galetten
häerzhaft bis séiss
salzeg bis lëschteg
- Iddie fir de Belag
- Gerappten Apel an engem opgerullte Paangech: der Boma hire gesondsten
- Zocker: dem Mich säi Léifsten
- Gouda, réi Ham, Tomaten: dem Josiane säi Léifsten
- Kaiserschmarren mat Cranberrien : dem Jimmy säi Léifsten
- Käschtecrème mat gekachte Williamsbiren, a reng Tranche geschnidden: dem Marco säi Léifsten
- Ham, Kéis, Tomaten, Korinten: dem Julie säi Léifsten
- Zitrounejus mat Zocker, dee karamelliséiert ass - deen huet d'Gina gär
- Thon mat Crème fraîche - dem Bennet a Milla hiere léifsten
- Tri de fromage: bësselche Gouda, Camembert, Ementaler, wéineg Curry, Stécker déck Noss - siedegt gutt
- Gekachten Ham mat Ementaler, Tomatestécker, Oliven a Basilikumblieder als Dekoratioun, z.B. als Gesicht
- Reng Tranche Schnitzel a Spargelstécker, mat Péiterséileg: Reschterverwäertung
- Reng Stecker Beefsteak, waarm Champignonen a Bechamelszooss: bal e Mëttegiessen
- Réie Saumon, Meerrettich Ënnen a Kaperen - häerzhaft
- Pesto, ganz reng geschnidde Stécker Parmesan a Piniekären: vegetaresch
- Stécker Ananas, Schoklaszooss a geréischert Mandelblieder: e bësselchen exotesch
- Schockelasbotter, Peanutsbotter an Hunneg, mat Banannetranchen: fir déi ganz hongereg
- Vanillsglace mat Schoklaszooss, Schlagsahn a Krokantstécker: bal eng Dame Blanche
- Banannen-, Orangen- a Kiwistécker mat geréischtert Mandelblieder: e richtegen -Sportler?- Dessert
- Iddie fir Zoudoten
- Weessmiel
- Wëllkaarmiel
- Eeër
- Mëllech
- Olivenueleg
- Botter
- rei Ham
- gekachten Ham
- Thon (aus der Béks)
- Tranche Schnitzel
- Stecker Beefsteak
- reie Saumon
- moren Speck
- Ementaler Kéis
- Gouda
- Parmesan
- gerappte roude Kabes
- gerappte Muerten
- reng geschnidde gréng Zalot
- gréng Oliven
- schwaarz Oliven
- Tomaten
- gedréchent Tomaten
- Kaperen
- Pesto
- Roude Pesto
- Tapenade
- Bechamelszooss
- Bratzelen
- Péiterséileg
- Basilikum Blieder
- Dill
- Salz
- Peffer
- Muskat
- Curry
- Deck Nëss
- Hieselnëss
- Hieselnëss, reng gemuelen
- Mandelblieder, liicht gebroden gebak
- Mandelstécker, graff gemuelen
- Hieselnëss
- Piniekären
- Apel, reng gerappt
- Äppelschnetz
- Korinten
- Cranberrien
- Banannetranchen
- Orangenfileten
- Biretranchen
- gekachte Williamsbiren
- Orangëjus
- Zitrounejus
- Kiischtegebeess
- Aprikosegebeess
- Hambiersgebeess
- Quetschekraut
- Molbiergebeess
- Figengebeess
- Kristallzocker
- Pudderzocker
- Rouerzocker
- Hunneg
- flëssegen Hunneg
- Karamell
- Kanéil
- Mëlasse
- Schokelasbotter
- Batter Schocklascrème (80%)
- Käschtecrème
- Peanutsbotter>
- Vanillsglace
- Schocklasglace
- Wäisse Schockla, gerappt
- Mëllechschockla, gerappt
- Battere Schockla, gerappt
- Schocklasstreisel
- Kokosraspel
- Krokant
- Sauerram
- Crème fraîche
- Wäisse Kéis
- Schlagsahn
- Gran Marnier
- Iddie fir Dekoratioun
- Einfach ronn
- Formen ausschneiden (Schëff....), ewéi soss fir meng kleng Kanner am Restaurant moies
- Eng Halschent op déi aner geklappt
- Manner ewéi eng Halschent op de Rescht klappen
- Eng Halschent op déi aner geklappt an dann nach zweemol klappen, sou dat 1 Sechstel iwwreg bleift
- Eng Halschent op déi aner geklappt an d'Ecker Richtung Mëtt geklappt
- Opgerullt
- Opgerullt an dann an Tranchë geschnidden
- Opgerullt a dann als Dräieck geluecht
- Äppelschnëtz (fréier bei der Boma) oder Aneres am Deeg verdeelt
- Zerwéierpropose
- waarm
- flambéiert
- kal